Kulturellt Ierwe gëtt verfale gelooss!

 

D’Kolpecher Schlass gëtt reegelrecht verfale gelooss, dobäi gehéiert et zum kulturellen Ierwe vu Lëtzebuerg an ass offiziell als Nationalmonument klasséiert. Trotzdeem schéngt weder d’Regierung nach d’Rout Kräiz, deem d’Schlass 1947 vermaach gouf, um Erhal vun dësem Kulturgut intresséiert ze sinn.

Scho virun 8 Joer huet d’ADR d’Regierung op de schlechten Zoustand an dat néidegt Erhale vum Schlass higewisen. Do gouf ee vertréischt mat lafende Pläng, Etüden an engem Dialog tëscht dem Roude Kräiz an der Regierung. Den Deputéierte Fernand Kartheiser wëllt elo vun der Kulturministesch wëssen, wat bei all deem erauskomm ass, wat bis elo ënnerholl gouf, a wéi et weidergeet. Hie wëllt keng Excusë mee konkret Äntwerten!

 

Deel dëse Post: