Kulturelle Wäert vun Ausgruewungen notzen…

Op ville Plazen am Land ginn archeologesch Sondéierungen an Ausgruewunge vum CNRA ënnerholl. Dobäi gi vill intressant Saache fonnt. Hunn déi Ausgruewungen eventuell och e pedagogesche Wäert oder esouguer touristescht Potential? Et kéint een hei vläicht Méiglechkeete sichen, fir d’Leit méi iwwert déi Ausgruewungen ze informéieren an esou hiert kulturellt Intressi ze erwächen oder ze fërderen. De Fred Keup stellt eng parlamentaresch Fro dozou. An deem Kontext freet hien dann och, wéi sech den Austausch an d’Zesummenaarbecht tëscht enger vun den Ausgruewunge betraffener Gemeng an dem Kulturministère weist.

 

Deel dëse Post: