Kuckt net ewech – et geet ëm Är Zukunft!

Auge

2018 hunn Iech d’CSV, d’DP, d’LSAP an déi Gréng de Referendum iwwert d’Verfassungsreform versprach.
Si wëllen net, datt d’Bierger an engem Referendum iwwer dës radikal a substantiell Verfassungsreform ofstëmmen.
Informéiert Iech hei richteg ier et ze spéit ass!

Dir hutt d’Info-Heft an der Zeitung verpasst oder Dir liest léiwer eng gedréckte Versioun?
Da fëllt ganz einfach den Online-Formular aus oder rufft eis un um Tel. 26 203 706 a mir schécken Iech en Exemplar Heem!

[contact-form-7 id=”35907″ title=”Info Heft bestellen”]

Ëm wat geet et bei der Reform vun eiser Verfassung?

Nieft punktuelle sënnvollen Ännerunge bréngt dës Reform awer eng nei Verfassung, déi
• politesch Ziler virgëtt an d’Gesellschaft deelweis nei forméiert,
• d’konstitutionell Rechter vun de Leit aschränkt,
• d’Monarchie schwächt;
• den europäesche Federalismus fërdert an den Ofbau vun eiser Souveränitéit;
• d’Famill schwächt an dem Staat hei oberechtegt Uspréch zouschreift;
• d’Auslännerwalrecht erméiglecht;

D’CSV, d’DP, d’LSAP an déi Gréng wëllen de Referendum verhënneren!
Liest dofir an eisem Info-Heft wat si Iech net zielen oder lauschtert a kuckt alles hei Online.

Print-Versioun (PDF)

AUDIO 

Lauschtert hei all eis Themen aus dem Info-Heft op Lëtzebuergesch an der Audio-Versioun
Ecoutez ici tous nos sujets du livret d’information en langue française en version audio

Video op Lëtzebuergesch!

 

Deel dëse Post: