Kritt DB Regio véier Zich vun der CFL?

Et solle méi Zich tëscht Lëtzebuerg an Tréier verkéieren, versprécht de Minister François Bausch an der Press. De Gast Gibéryen interesséiert an enger parlamentarescher Fro, wat dat eis kascht: Well d’däitsch Eisebunn kritt fir déi Operatioun véier CFL-Zich gestallt. Den ADR-Deputéierte wëll wëssen, wat dat Lëtzebuerg kascht, wat nach un Infrastrukturkäschten ufält an ob ee vläicht fir op Tréier ze fueren da just nach e Lëtzebuerger Billjee muss hunn.

Deel dëse Post: