Korruptioun um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter?

Net nëmmen an der UNO, mee och am Europarot, a speziell um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter (EGMR), hunn NGOen an deene leschte Jore massiv un Afloss gewonnen. Dëst beweist ënner anerem eng Enquête vum franséischen Affekot a Chef vun der NGO “European Center for Law and Justice” (ECLJ), Grégor Puppinck, déi uganks 2020 publizéiert gouf an där hir Verizitéit nodréiglech vum Europarot selwer unerkannt gouf. De Puppinck huet nogewisen, datt d‘“Open Society Foundations“ (OSF) vum amerikanesch-ungaresche Milliardär George Soros ee méi oder manner gewiichtegen Afloss op d’Urteeler an och op d‘Riichternominatiounen um EGMR, dee vum Europarot ofhänkt, ausüübt. Wéi positionéiert sech déi Lëtzebuerger Regierung zu dësen Enthüllungen?

Deel dëse Post: