Konstruktiven Dialog mat der FEDIL

Am Kader vun der Opstellung vun hirem Walprogramm huet d’ADR eng Rei vun Entrevuen fir d’Meenung vun deene verschiddene Betraffenen, ënner anerem  iwwer de Wuesstem, ze héieren. De 29. Mäerz hu mir d’FEDIL getraff, vertrueden duerch den Direkter René Winkin an de Georges Santer. Der FEDIL als Daachverband vun der Industrie läit – natierlech – de Wuesstem vum Land um Häerz. Dën Dialog war konstruktiv. Béid Säiten si sech der Wichtegkeet vum Wuesstem fir d’Land bewosst. An Zukunft muss méi op d’Konsequenzen vun deem Wuesstem am Virfeld gekuckt ginn. FEDIL an ADR ware sech eens, datt och an Zukunft am Kader vun enger Diversifizéierung vun eiser Wirtschaft d’Industrie eng wichteg Roll an eisem Land muss spillen.

Deel dëse Post: