Konsequent géint Mobbing virgoen!

An enger Entrevue vum 12. November, déi d’ADR mam Catherine Verdier – Psychologin, Auteur an Expert am Beräich vum schoulesche Mobbing – hat, war een sech schnell eens, datt een all Regësteren a Beweegung setze muss, fir dem Mobbing an der Schoul konsequent entgéintzetrieden – ze maache bleift nämlech nach genuch: An der Formatioun vun den Enseignantë gëtt de Phänomen vum Mobbing nach ëmmer net genuch thematiséiert, eng zentral Ulafstell fir d’Affer, esou wéi e klore legislative Kader feelen ëmmer nach. Et war een sech awer och eens, datt sech d’Ursaache vum Mobbing  a gesellschaftlechen Entwécklungen erëmfannen: De Kanner feelt méi a méi e stabilt familiäert Ëmfeld, bei deem se Schutz siche kënnen an och d’Enseignantë sinn dacks mat der Situatioun iwwerfuerdert. D’ADR wäert all Méiglechkeet notzen, fir d’Regierung op déi ongënschteg Situatioun an de Schoulen am Hibléck op de Mobbing hinzeweisen. Bis dato huet Gambia ëmmer ofgeblockt – et war nämlech alles an der Rei. Domat gëtt sech d’Reformpartei allerdéngs net zefridden.

D’ADR war vertrueden duerch de Süd-Deputéierte Fernand Kartheiser, duerch d’Mandy Krier an duerch de Michel Lemaire.

Deel dëse Post: