An der Affaire Léiweng – Wickreng huet de Procureur, well de fréiere Minister Jeannot Krecké betraff ass, aus verfassungsrechtleche Grënn den Dossier un d’Chamber weiderginn. D’ADR-Deputéierte Gast Gibéryen a Jacques-Yves Henckes konnten Ableck an den Dossier huelen. Den ADR- Nationalcomité hält eestëmmeg fest, datt d’Chamber op jidde Fall muss zesummekommen, fir ze décidéieren ob den Dossier weidergeet oder och net.

En Donneschdeg ass den ADR-Nationalcomité zesummekomm an huet ënner anerem iwwert den Dossier Léiweng-Wickreng beroden. No Ufro un de Chamberpresident konnten d’ADR-Deputéierte Gast Gibéryen a Jacques-Yves Henckes Ableck an den Dossier, deen de Procureur der Chamber virgeluecht hat, kréien. Den Nationalcomité huet eestëmmeg folgendes festgehalen.

Zur Prozedur: d’ADR ass der Meenung, datt laut de Bestëmmungen aus der Verfassung d’Chamber op jidde Fall a Séance plénière muss zesummekommen, fir driwwer ze décidéieren ob den Dossier weidergeet oder och net.

Fir datt eng komplett Opklärung an den Dossier kënnt, ass d’ADR dofir, datt d’Chamber décidéiert, datt den Dossier un d’Cour de Justice supérieure weidergeet. Fir d’ADR ass den Optrag vun der Chamber un d’Justiz keng Virveruerteelung vum fréiere Minister Jeannot Krecké, mä e kloert Bekenntnis zur Gewaltentrennung an en Zeeche vu Vertrauen an d’Onofhängegkeet vun de Riichter an der Magistratur.

D’ADR besteet drop, datt esouwuel am Deeldossier Jeannot Krecké – Guy Rollinger wéi am gesamten Dossier Léiweng-Wickreng all d’Faiten op den Dësch kommen a Kloerheet geschaf gëtt.

D’ADR besteet op eng propper Politik, déi d’Vertraue vum Bierger verdéngt. Weder däerfe Politiker Uschëllegungen ouni Beweiser maachen, nach däerf d’Politik d’Justiz un hirer Aarbecht hënneren.