Déi rezent Conseilssëtzung vun der Europäescher Zentralbank werft eng Rei vu Froen op. D’ADR ass der Meenung, datt d’Onofhängegkeet vun dëser wichteger Institutioun muss garantéiert bleiwen. D’Präsenz vum Chef vum Eurogrupp an enger Conseilssëtzung vun der EZB ass ongewéinlech an deit op eng politesch Instrumentaliséierung vun der EZB hin. D’ADR wiert sech dogéint, datt d’Eurozon ëmmer méi zu enger Scholden- an Transferunioun gëtt. Si veruerteelt, datt dës Verletzung vun den Europäesche Verträg och nach mat engem Ofbau vun den demokratesche Rechter vun de Bierger verbonne gëtt, a verlaangt, datt déi national Parlamenter nees déi voll Autoritéit iwwer déi national Budgetsdecisioune kréien. Gëschter huet d’EZB decidéiert praktesch onbegrenzt Staatspabeiere vun iwwerschëltenen europäesche Staaten opzekafen, ënnert der Konditioun, datt déi ënnert dem europäesche Rettungsschierm sinn. Dovu mol ofgesinn, datt et eng Rei vu Rechtsonsécherheeten ëm de Rettungsschierm gëtt, rifft d’ADR an Erënnerung, datt de Käroptrag vun der EZB d’Garantéiere vun der Geldstabilitéit ass. Haut gesi mir, datt d’Onofhängegkeet vun der EZB eeschtlech a Fro gestallt ass. D’Präsenz vun engem Politiker, wéi dem Chef vum Eurogrupp, bei enger Conseilssëtzung vun der EZB weist op eng staark Verflechtung tëschent währungstechnesche Froen a politeschen Opportunitéitsconsidératiounen hin.

D’Vergréisserung vun der monetärer Mass am Ëmlaf vergréissert och d’Gefor vun der Inflatioun. Déi Oploen a Moossnamen, déi d’EZB ugekënnegt huet, fir där Gefor ze begéinen, sinn der ADR hirer Meenung no net glafwierdeg. Den Afloss vun der Politik op d’EZB ass schonns vill ze vill grouss ginn. Ausserdeem goufe bis elo d’Oploen an der Scholden- an Eurokris nach ni dauerhaft respektéiert an et gëtt kee Grond unzehuelen, datt dat sech géing änneren.

D’ADR bedauert, datt déi währungspolitesch Dispositioune vun den Europäesche Verträg ëmmer nees gebrach an och weiderhi mëssuecht ginn. Sou goufen déi Maastrichter Stabilitéitscritèren ignoréiert, besonnesch och 2005 ënnert Lëtzebuerger Presidence a mam direkte Matwierke vum Premier Juncker. Europa gëtt ëmmer méi zu enger Transfer- an enger Scholdenunioun, obwuel dat an den Europäesche Verträg ausdrécklech verbueden ass. Dem Här Juncker seng Intentioun fir sougenannten “Eurobonds” anzeféiere géing dës Entwécklung nach méi schlëmm maachen.

Gläichzäiteg ginn ëmmer méi Budgetsdecisiounen zu Bréissel geholl an déi national Parlamenter, an domat de Grondstee vun der Demokratie an de Memberlänner, verléieren ëmmer méi vun hirer Muecht.