Keng Autorisatioun fir RAGTAL …?

An der Gemeng Mertert/Waasserbëlleg gëtt et eng ganz speziell Übungsanlag fir d’Pompjeeën. Enn 2019 gouf eng Demande fir eng offiziell Autorisatioun fir d’Anlag un d’Ëmweltministesch gestallt. Virdru gouf d’Anlag zwar och ouni Autorisatioun gedult, allerdéngs misste Waasserleitunge geluecht ginn, an dozou kënnt et net ouni d’Autorisatioun. Dës gouf awer bis haut ausgestallt.

Den Deputéierte Fred Keup wëllt vun der Banneministesch a vun der Ëmweltministesch wëssen, wou de Problem läit, a firwat déi Autorisatioun bei enger esou wichteger Anlag esoulaang Zäit brauch.

 

Deel dëse Post: