Och dëst Joer sinn nees Polizisten aus der Belsch, Däitschland a Frankräich op der Schueberfouer am Asaz. D’ADR ass der Meenung, datt eleng déi Lëtzebuerger Police sollt fir d’Oprechthale vun der ëffentlecher Uerdnung hei am Land zoustänneg sinn. Esou Kooperatioune sinn zwar duerch den Traité de Prüm erméiglecht ginn, mä entspriechen net dem urspréngleche Sënn an Zweck vun deem Vertrag.Zu enger gréisser Veranstaltung, wéi zum Beispill der Schueberfouer, gehéiert och dozou, datt d’Famillje sech kënnen an aller Sécherheet ameséieren. Ëmmer nees sinn nieft der Lëtzebuerger Police och Beamten aus der Belsch, Däitschland a Frankräich am Asaz, an dëst am Kader vum Traité de Prüm, a virun allem vum Artikel 24, deen esou Kooperatiounen iwwerhaapt erméiglecht.

D’ADR ass der Meenung, datt Lëtzebuerg esou eng auslännesch Polizeipräsenz net brauch an datt eleng déi Lëtzebuerger Police sollt fir d’Oprechterhale vun der ëffentlecher Uerdnung hei am Land zoustänneg sinn, besonnesch wann et sech ëm eng Veranstaltung handelt, déi haaptsächlech vu Famillje besicht gëtt. Déi aktuell Situatioun schaaft nëmmen Duercherneen – ënnert anerem well den normale Bierger sech Froen iwwert d’Präsenz an de Kompetenzberäich vun den auslännesche Beamte ka stellen – a bréngt näischt méi a Punkto Sécherheet.

D’ADR ass selbstverständlech eng verstäerkten a vertrauensvoll Zesummenaarbecht mat auslänneschen Uerdnungskräften, besonnesch an deene Beräicher, fir déi den Traité de Prüm ursprénglech virgesi war (Terrorismus, grenziwwerschreidend Kriminalitéit an illegal Migratioun). An deenen Domainë verlaangt d’ADR endlech méi Initiativ. De Respekt vun der nationaler Souveränitéit däerf allerdéngs ni vernoléissegt ginn.

D’ADR fuerdert, datt den Traité de Prüm vill méi restriktiv interpretéiert gëtt an d’Zesummenaarbecht op déi Beräicher reduzéiert gëtt, an deene se wierklech néideg ass. D’Schueberfouer an ähnlech Veranstaltunge gehéiere mat grousser Sécherheet net dozou!