Dësen Artikel ass an der Spezialeditioun vum Pefferkär fir de 25. Jubiläum vun der ADR publizéiert ginn.

Trotz eidele Staatskeesen a ganz villen ongeléiste Froen ëm d’Zukunft vum Land gëtt e groussen Deel vun de Politiker hir Spillsaach net op: si wëlle mordicus mam Tram duerch d’Stad fueren. Dëst och an Zäiten, wou et nëmmen esou vu Steiererhéijunge reent a Milliarde musse geléint gi fir de Staatsbudget an der Riicht ze halen. Fir d’ADR steet fest: keen Tram duerch d’Stad! An dofir gëtt et vill gutt Grënn.

Wäit iwwert 100 000 Leit kommen all Dag vun auswäerts an d’Stad schaffen. Fir vill vun dëse Pendler opzefänken, kann et net sinn, datt déi wéineg Verkéiersfläch, déi et an der Stad gëtt, zu engem Deel fir een eenzegt Verkéiersmëttel reservéiert gëtt, dat onflexibel ass, a senge Kapazitéite begrenzt ass an dobäi och nach ganz deier kascht!

Den Tram léist d’Problemer vun de Pendler net. Amplaz elo an e Bus ze klammen, däerfe se an Zukunft no engem risegen Investissement… an en Tram ëmklammen! Niewebäi: ginn dem Minister fir Infrasrukture seng Wënsch an Erfëllung, da gëtt d’Ëmklammen deen neie Vollekssport!

Den Tram hëlt anere Verkéiersmëttelen, dorënner an éischter Linn dem Bus, déi wéineg Plaz ewech, déi et an der Uewerstad an am Garer Quartier gëtt. Kee Wonner, datt virgesinn ass fir 50% vun de Buscirculatiounen an der Stad ze sträichen! De Chantier féiert iwwert Joeren zum Chaos. Rullt den Tram dann endlech, da stellt en eng zousätzlech Gefor duer, besonnesch fir Foussgänger an Cyclisten.

Soll e groussen Deel vun de Pendler op den ëffentleche Verkéier ëmklammen, da gëtt et nëmmen eng rationell Léisung: déi vum City-Tunnel, déi véier mol Kapazitéit an der Axe Gare – Hamilius – Lampertsbierg – Kierchbierg opweist wéi den Tram. Ob vun Arel, Diddenuewen, Tréier oder enger Gare vum CFL-Reseau: et kënnt een iwwerall an d’Stad ouni Ëmklammen!

Soulaang wéi den Tram oder City-Tunnel iwwert grouss Verschëldung oder Steiererhéijung musse finanzéiert ginn, setzt d’ADR op d’Alternativ vu groussen Hybridbussen, wéi se elo zu Dresden virgestallt sinn: déi ginn den ablécklechen ëffentleche Verkéier um Tracé vum Tram ouni Problem Meeschter. Dobäi bleiwen all d’Optiounen op. Fir d’ADR steet fest: den Tram elo bauen, dat wär déi gréisste Feelinvestitioun a Feelplanifikatioun, déi d’Land sech jee geleescht hätt!