Fir e Méindeg ass op der Uni Lëtzebuerg eng Konferenz zum Thema Schifergaz virgesinn. Et handelt sech hei ëm eng ëmsou méi wichteg Debatt, well d’Meenungen zu deem Sujet wäit ausernaner ginn. Aus deem Grond weist d’ADR déi rezent Interventioun vun engem gréngen Europadeputéierte géint déi akademesch Fräiheet vun der Uni Lëtzebuerg zeréck.

Well d’Universitéit zu engem groussen Deel duerch Steiersue finanzéiert gëtt, ass et selbstverständlech, datt d’Politik bei Grondsazdiskussiounen iwwer dës Institutioun matzeschwätzen huet. Sou kënnen a solle Regierung a Chamber zum Beispill iwwer d’Zuel vun de Fakultéiten oder Prioritéite vun der staatlech finanzéierter Fuerschung kënne matbestëmmen. Net amësche soll sech d’Politik awer an déi akademesch Fräiheet vun der Universitéit! Déi héchst Bildungs- a Fuerschungsinstitutioun am Land soll kënnen an aller Fräiheet an Onofhängegkeet dem intellektuellen, wëssenschaftlechen, kulturellen a wirtschaftlechen Interesse vum Lëtzebuerger Land déngen!

Datt sech en Europadeputéierten an dës Debatt amëscht an de Choix vun der Uni Lëtzebuerg a Fro stellt ass ëmsou méi verwonnerlech, wéi d’Europaparlament absolut keng Kompetenz fir dës Institutioun huet an och net mat zu hirem Finanzement bäidréit. Selbstverständlech steet et der Universitéit och zou, héichrangeg Konferenze mat der Hëllef vun auslänneschen Ambassaden z’organiséieren. Dës dréit zum gudde Ruff an der internationaler Ausstralung vun der Universitéit bäi.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet iwwregens Enn August den zoustännege Ministeren eng parlamentaresch Fro iwwer de Schifergaz gestallt. Et ass sécherlech net falsch fir sech mat deem Dossier ausenanerzesetzen an en Iwwerbléck iwwert den aktuelle Kenntnisstand ze kréien. Dem gréngen Europadeputéierte seng Interventioun ass jiddefalls eng net opportun Amëschung. D’Universitéit brauch keng Erlaabnis vun deene Grénge fir Perséinlechkeeten z’invitéieren, déi si wëll zu Wuert komme loossen.

Datt déi Gréng wëllen d’Universitéit zensuréiere kann awer am Fong net iwwerraschen. Hir Technologiefeindlechkeet, Fortschrëttsresistenz a Stengzäitecologie schueden der wëssenschaftlecher Entwécklung an der Konkurrenzfäegkeet vun eisem Land. Et ass ze hoffen, datt hir notoresch Eesäitegkeet an allen iergendwéi ëmweltrelevanten Themekomplexer ni zum Moossstaf vu wëssenschaftlechen Debatte gëtt.

Lo, wou eist Land e neie wirtschaftlechen Opschwong muss sichen, ass méi wéi jee ze hoffen, datt déi Gréng ni an déi politesch Verantwortung kommen!