Käschten-Notze vun der Lëtzebuerger Energiepolitik?

Den Här Turmes huet alt nees eng nei Spillwiss fonnt, wou hien sech op Käschte vun de Lëtzebuerger Steierzueler amuséiere kann. Ganz houfreg huet hie lo verkënnegt, datt Lëtzebuerg sech um Projet vun enger dänescher “Energieinsel” bedeelegt. Sou soll d’Zill vun der sougenannter Klimaneutralitéit bis 2050 erreecht ginn. Ma huele mir mol un, erhéicht Zäregasemissioune kéimen tatsächlech als eenzeg Erklärung fir e Phenomen a Fro, deen et äerdhistoresch ëmmer rëm gouf. Mécht et da vill Sënn, just d’Reduzéierung vun den Zäregaser duerch dëse Projet ze kucken, ouni mat anzerechnen, wéi vill da duerch de Bau iwwerhaapt réischt fräigesat ginn? Einfach ausgedréckt: Ënnerscheet d’Regierung zwëschent der Netto- a Bruttoreduzéierung vun den Zäregasemissiounen?

Deel dëse Post: