Kaddoe fir de neie Luxair-Aktionär

D’Regierung huet Frënd a Feind mat engem Gesetz iwwerrascht, dat Betriber mat ganz héigem Gewënn iwwer 500 Millioune vill manner sollt besteieren. Dat Gesetz war Enn des Joers an der Kommissioun opgetaucht a sollt a Rekordzäit duerch d’Chamber. Fir d’Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei huet de Fränz Fayot geschwat, an hien huet kamouterweis probéiert emol vun deem décke Kaddo ofzelenken, deen d’Koalitioun enger Rëtsch ganz räiche Betriber do mécht. Soss hätt hie nawell Problemer gehat, fir dat do plausibel duerzeleeën. Mä och op esou Accusatiounen hu Gast Gibéryen a Roy Reding geäntwert.

Eng Bomm ass awer geplatzt, well de Roy Reding mat Dokumenter bewisen huet, datt ee vun deene „Betriber”, déi vun dëser Steiererliichterung profitéieren, dem neie Luxair-Aktionär aus Italien a senger Famill gehéiert. E klengt Gesetz vu Gambia a schonn ass déi Famill em 10 Milliounen Euro d’Joer méi räich. Déi Deputéierten, déi et net wollte gleewen, hunn vum ADR-Deputéierten de Beweis schwaarz op wäiss presentéiert kritt.

Deel dëse Post: