Jugendkriminalitéit zu Lëtzebuerg: endlech reagéieren!

“Happy Slapping”: een neie Phenomen terroriséiert Lëtzebuerg: Brutal Attacke vu Jugendlecher op aner Leit, dacks och Jugendlecher. Mësshandlungen, déi mam Handy gefilmt ginn an dono duerch d’Netz kurséieren. An der Tëschenzäit vergeet kaum eng Woch, ouni datt an de Medien iwwer Strof- a Gewaltdoten am Zesummenhank mat dësem Trend geschwat oder geschriwwe gëtt. An dat geet lo scho säit méi wéi engem Joer sou! Zwar huet d‘Police d’lescht Woch fënnef mannerjäreg Täter in flagranti erwëscht, mee dräi dervu goufen, wéi et ausgesäit, rëm lafe gelooss. Wéi vill Memberen déi kriminell Jugendgruppen, vun deenen „Dix-sept“ just eng vu villen ass, hunn, weess kee genau. Et weess een och net, wéi vill Kanner a Jugendlecher schonn Affer vun esou Mësshandlunge gi sinn. Mee eppes ass sécher: Wann net séier reagéiert gëtt, wäert d’Zuel vun den Affer weider an d’Lut goen! D’Police huet zwar een dréngenden Appell un d’Affer geriicht, sech ze melden an hir Péngeger ze beschreiwen, fir datt no hinne gesicht ka ginn. Mee d’Affer traue sech an deene meeschte Fäll net, hir Täter ze denoncéieren. Ze grouss ass d’Angscht viru Vergeltung. Dofir ass et um Staat, fir elo sou séier wéi méiglech ze reagéieren, fir datt mir net weiderhi mussen Dag fir Dag mat ukucken, wéi gewalttäteg Hallefstaarker onschëlleg Schüler brutaliséieren an, wat grad sou schlëmm ass: humiliéieren. Et geet dëse Kriminellen nämlech net nëmmen drëms, hiren Affer physesch Schmäerzen zouzefügen. Et geet hinnen ëm Machtausübung, ëm Humiliatioun. Doduerch, datt dës Schanddote gefilmt an am Internet verbreet ginn, gëtt d’Affer nämlech zu enger Aart „Trophy“ fir d’Täter, mat där déi sech bretzen. D’Leed, dat den Affer an hire Famillen doduerch erwiisst, ass wuel net a Wierder ze beschreiwen. Jugendgewalt gouf et selbstverständlech nach ëmmer, an d’Täter hu sech nach ëmmer gebretzt mat deem, wat si „gestiicht“ hunn, mee haut hu si och nach d’Méiglechkeet, hir „Heldentaten“ ze filmen a sech als „Géigner vum System“ am Internet feieren ze loossen. Hei hu mir et mat neien Dimensioune vu Gewalt a Mënscheveruechtung ze dinn!

Wéi laang wëlle mir nach nokucken, wéi eis Kanner physesch a moralesch brutaliséiert ginn? Wéi laang wäerten eis Kanner nach op déi Aart a Weis humiliéiert ginn? Misste mir als Gesellschaft net vill méi streng op sou Gewaltexzesser reagéieren?

Mee wat mécht dogéint de Schoul- a Jugendminister Claude Meisch (DP)? Hie schéckt d’Täter einfach an eng aner Schoul! Wat ass dat fir eng Léisung? Menge mir, duerch esou ee Verweis géifen déi kriminell Schüler sech änneren? Kee Wonner, datt sech, wéi an engem LW-Artikel („Zwei mutmaßliche Anführer von „Dix-sept“ in Haft“, 9.8.2022) ze liese war, „ein Gefühl von Unantastbarkeit“ ënner den Täter breet mécht. Si fille sech staark, well se wëssen, datt d’Reaktioun vum Staat bis elo méi wéi schwaach war. A mir däerfen net mengen, „Happy Slapping“ wier just ee Randphenomen. Och aner Type vu Jugendkriminalitéit kommen op eis duer, sou beispillsweis „Needle Piking“: dat ass lo schonn an eisen Nopeschlänner een Trend, deen ëmmer méi Affer fuerdert: Haaptsächlech jonk Meedercher a Frae ginn op Partyen a bei Museksfestivaller mat enger Sprëtz gepickt, an där sougenannt „Vergewaltegungsdroge“ sinn. Fir d‘Täter ee liicht Spill, well si onbemierkt an der Mënschemass ënnertauche kënnen.

Mir däerfen eis net wonneren, wann eis Kanner a Jugendlecher sech iergend wéini net méi trauen, eleng anzwuersch hinzegoen, oder wa se iergend wéini Angscht hunn, fir iwwerhaapt nach an d’Schoul ze goen, well se wëssen: d’Täter kommen an deene meeschte Fäll ongestrooft dervun. Dofir ass et och net de Moment, fir et gesetzlech ëmmer méi schwéier ze maachen, kriminell Jugendlecher zur Rechenschaft ze zéien. Wann ee bedenkt, datt vill „Happy Slapping“-Täter tëscht 12 a 14 Joer jonk sinn, ass et wuel kaum rotsam, Jugendlecher bis 14 Joer an Zukunft ee Fräischäin auszestellen, wat d’Ausübe vu krimineller Gewalt ugeet, sou wéi dat der Madamm Tanson (déi gréng) hir Reform vum Jugendrecht virgesäit. An Zukunft kënnen nämlech, wann déi dräi Gesetzesprojete vun der Justizministesch gestëmmt ginn, Jugendlecher bis 14 Joer net méi ugeklot ginn. Misst en net vill méi derfir suergen, datt déi gewaltbereet Jugendbanden erkennen, datt et sech fir si net lount, aner Kanner a Jugendlecher ze mësshandelen, well de Staat net mat sech spaasse léisst? Et ass fir d’ADR absolutt inakzeptabel, datt d’Regierung offensichtlech net wëlles oder einfach incapabel ass, fir géint déi ëmmer méi brutal Forme vu Jugendkriminalitéit virzegoen. Wann d’Regierung net endlech duerchgräift, kréie mir hei am Land iergendwann e Kriminalitéitsproblem, dee sou grouss ass, datt een en net méi léise kann.

D’ADR huet dofir eng dréngend gemeinsam Sëtzung vun deenen zoustännege Chamberkommissioune fir Jugend, Justiz a Bannenzeg Sécherheet gefuerdert, an zwar a Presenz vun deene verantwortleche Regierungsmemberen. Zousätzlech huet d’ADR dräi parlamentaresch Froen am Zesummenhank mat dësem Problem gestallt. D’ADR fuerdert dréngend déi haaptsächlech zoustänneg Ministeren, Kox, Meisch an Tanson, op, ee Konzept ze presentéieren, wéi si gedenke weider Strofdoten ze verhënneren, Jugendbanden ze bekämpfen an ze neutraliséieren an d’Mënschen hei am Land dauerhaft virun esou Intensivtäter ze beschützen.

                                                                                                                                                                      Jean-Marc Schmidt

 

Deel dëse Post: