Jugenddebatt mat staarkem ADR-Optrëtt

De Michel Lemaire, President vun der Adrenalin, der jonker ADR, huet eis Partei op enger flotter Table-ronde vu Chamber-TV representéiert. D’Monique Faber hat d’Aussoe vum Astrid Lulling iwwer de Jugendwahn an der Politik opgegraff a Vertrieder vun de Jugendorganisatiounen un een Dësch geruff. D’Froen hunn e groussen Deel vum Spektrum vun der politescher Aktualitéit ofgedeckt. De Michel Lemaire konnt mat gutt iwwerluechten Argumenter iwwerzeegen. Och bei deene jonke Politiker halen d’ADR-Iddien d’Schinn, iwwerdeems bei der Konkurrenz heindsdo emol eppes aus dem Gleis geréit.

 

 

Deel dëse Post: