Jo zur Ännerung vum Walgesetz

D’ADR huet de 6. Dezember der Ännerung vum Walgesetz zougestëmmt, een néidegt Gesetz, vue datt ee soss duerch déi virgezunne Wale vun 2013 net méi konform zur Konstitutioun wär. D’Konsequenz dovun ass, datt bei den iwwernächste Walen am Joer 2023 d’Gemengewalen op Juni virgezu ginn an d’Chamberwalen op Oktober no hanne geréckelt ginn.

De Gast Gibéryen setzt sech och dofir an, datt, wann d’Chamber eng gréisser Reform vum Walgesetz envisagéiert, een och oppen d’Diskussioun vun de Walbezierker uschwätze muss. (Extrait 1’16”).

Deel dëse Post: