Jo zur Ännerung vum Aarbechtsgesetz

A senger Interventioun vum 13. Mäerz huet de Gast Gibéryen den Accord vun der ADR ginn, fir verschidde Modalitéiten am Aarbechtsgesetz ze änneren. Den ADR-Deputéierte betount, datt et kee Patentrezept gëtt fir de Chômage ze bekämpfen. Et gi vill kleng Schrauwen, un deenen een dréine muss fir d’Leit, déi nach op der Sich no enger Schaff sinn, um éischten Aarbechtsmaart kënnen ënnerzebréngen. D’ADR begréisst also dëst Gesetz, dat  trotz eenzele Kritikpunkten iwwerzeege kann.

Deel dëse Post: