Jo zum Revis

Dat neit Gesetz iwwert de Revis ass net de ganz grousse Worf, esou de Gast Gibéryen a senger Interventioun vum 10. Juli. Trotzdeem bréngt et Verbesserungen am soziale Beräich mat sech an dofir huet d’ADR d’Gesetz matgedroen. Wann ee bedenkt, datt zu Lëtzebuerg bal d’Halschent vun den elengerzéiende Mammen ënnert d’Aarmutsgrenz fält, da geet dëse Gesetzestext eleng awer net duer; mee och eng kleng Verbesserung ass eng Verbesserung. D’ADR begréisst dann och d’Initiativ vum Gesetz, méiglechst vill vun de Betraffenen erëm an d’Beruffsliewen, a soumat an d’Selbstännegkeet, ze integréieren. Den Aarmutsrisiko bleift zu Lëtzebuerg awer héich an de Gast Gibéryen huet et an deem Sënn och net verpasst, de Sozialisten e puer Rotschléi mat op de Wee ze ginn.

 

Deel dëse Post: