Iwwernuechtungsbongen: Eng effikass Hëllef?

Mat ronn 750‘000 Iwwernuechtungsbonge wollt d’Regierung dem Hotelsektor ënnert d’Äerm gräifen. Bei nëmme 4 Prozent ageléiste Bongen, feelen der Hotellerie eng ronn 35 Millioune vun där envisagéierter Hëllef.

Hat d’Regierung schonn domat gerechent a wat geschitt mat der Gesamtzomm vun de Bongen, déi bis zum Schluss vun der Aktioun net ageléist gi sinn? Den Deputéierte Jeff Engelen freet den Tourismus- a Mëttelstandsminister.

Bis zum 26. Oktober 2020 goufen elo 67.518 Bongen ageléist, wat nëmme ronn 9,25 Prozent vun där envisagéierter Hëllef sinn an e Wäert vun 3.376.694 Euro ausmécht.

A senger Äntwert op dem ADR-Deputéierte seng parlamentaresch Fro wollt den zoustännege Minister Lex Delles wuel keng konkret Äntwert ginn op déi Fro, wat d’Regierung geschat hat, wéi vill vun deene 730.096 ausgeschriwwene Bonge bis Enn des Joers géingen ageléist ginn.

Aus der Äntwert léisst sech awer schléissen, datt d’Regierung bei dëser Aktioun mat engem Gesamtwäert vu ronn 36,5 Milliounen Euro vun Ufank u wuel mat manner wéi 4 Milliounen Euro Ausgabe gerechent hat. Schliisslech gesäit de Minister d’Objektiver vun dëser Aktioun als „erreecht“.

Och d’Iddi, fir d’Gesamtzomm vun den net ageléiste Bongen herno als Subventioun a gerechter Proportionalitéit un d’Hoteller ze verdeelen, ass keng Optioun fir de Minister Delles.

D’ADR wäert sech weider dofir asetzen, datt de Sektor déi envisagéiert Hëllef kritt, déi jo mat vill Reklamm vun der Regierung ugekënnegt gouf.

 

Deel dëse Post: