Iwwerflëssegen LGBTQ-Aktivismus zu Lëtzebuerg

Ungarn gëtt an der EU geschleeft wéinst engem Gesetzestext, dee soss näischt fuerdert, ewéi dat d’Erzéiung – och d’Sexualerzéiung –  vun de Kanner den Eltere soll virbehale bleiwen. Zu Lëtzebuerg gëtt et iwwerdeems keng Diskriminatioun vun LGBTQ-Persounen, dës Leit hu genee déi nämmlecht Rechter, ewéi all Bierger vum Land. D’Resolutioun vun der Pirate fuerdert, datt Lëtzebuerg elo eng “Freedom zone” fir LGBTQ-Persoune soll ginn – eng kloer iwwerflësseg Fuerderung, well des Leit ënnert kenger Form vun Diskriminatioun leiden. D’ADR wëll keng eege Rechtskategorie fir gewësse Lobbyen an/oder Communautéiten, dëst wär nämlech soss näischt, ewéi Diskriminatioun géintiwwer dem Rescht vun der Gesellschaft. Eis Grondrechter an eis Grondfräiheete gëlle fir jiddereen. Den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser präziséiert iwwerdeems a senger Interventioun vum 29. Juni, datt d’Decisioun, wéi e Land gär d’Erzéiung vum Nowuess gestalt, eng nationalstaatlech Kompetenz ass, an déi d’EU sech net anzemëschen huet.

 

Deel dëse Post: