Iwwerflësseg Nationalitéit?

Knapps ass et véier Joer al a scho muss dat aktuellt Nationalitéitegesetz nogebessert, iwwerschafft a retouchéiert ginn. Eigentlech ass et schonn erstaunlech, mat wat fir enger Liichtegkeet an Heefegkeet en Text, dee fir e Staat esou fundamental ass, ëmmer nees geännert gëtt. Der Regierungskoalitioun kann een awer och net veriwwelen, datt si hir Initiativ vun deemols op de Leescht hëlt an et dës Kéier probéiert besser ze maachen.

Besser? D’Hannerfroe sief erlaabt…

D‘Residenzklausel gëtt vu siwen op fënnef Joer erofgesat, huet et no der Presentatioun vum Gesetzprojet geheescht. Ma wéi vill Auslänner dunn tatsächlech en halleft Joerzéngt musse waarden, dat sief opgrond vun de villen Ausnamefäll, fir déi dräi  Joer virgesi sinn, dohigestallt. Trotzdem: eng gréisser Flexibilitéit kann een, wat dee Critère ubelaangt, nëmme begréissen, besonnesch wann et ëm méiglech Ënnerbriechungen an der Residenzzäit geet.

Och doriwwer, datt jiddferee Coursen an der Instruction civique beleeë soll, kann een sech freeën. Am Ament ass et nach méiglech eng Dispense ze kréien, virausgesat de Kandidat war zu Lëtzebuerg scolariséiert. Wat d’Educatiounsministesch wuel dovunner hält, datt hire Kolleg aus der Justiz endlech verstanen huet, datt d’Schüler scho laang net méi op hir Roll als mëndeg Bierger virbereet ginn?

Nieft dësen éischter kosmeteschen Upassunge vum Nationalitéitegesetz plädéiert d’Regierung an zwee anere Punkte fir en net onwichtege Paradigmewiessel.

No 20 Joer Residenz fält d’Lëtzebuerger Sprooch als Critère fir Lëtzebuerger ze ginn ewech. Am Kader vum Sproochenadr ass och d’Méiglechkeet virgesinn, fir eng vun den zwou Epreuven ze kompenséieren. Am Kloertext: de Lien tëscht nationaler Sprooch an Nationalitéit, tëscht nationaler Sprooch an Identitéit, gëtt zwar net ofgeschaf, mä op d’mannst staark ugegraff. Dat ass eng negativ Entwécklung. Mir brauchen, ouni eis Méisproochegkeet a Fro ze stellen, eng gemeinsam Sprooch. Eng Sprooch, mat där sech jiddfer eenzelen, dee Lëtzebuerger ass oder wëll ginn, identifizéiert. A virun allem, an dat ass dat wichtegst, eng Sprooch, déi et eis all erlaabt, mateneen ze kommunizéieren a vuneneen ze léieren.

D’Lëtzebuergescht als Exklusiounssprooch ze qualifiéieren ass iwwregens en Zeeche vu schlechtem Wëllen. Schliisslech stellt jiddfer Sprooch, och Franséisch an Däitsch, eng Barrière duer, bis se maitriséiert gëtt. Dës Barrière gëllt et z’iwwerwannen, an dofir mussen déi néideg Mëttel agesat ginn.

Ass een zu Lëtzebuerg gebuer, an huet een zéng Joer zu Lëtzebuerg gewunnt, soll een duerch eng einfach Declaratioun Lëtzebuerger ginn. Op den éischte Bléck schéngt dës Dispositioun Sënn ze maachen – op den zweeten awer éischter manner. Mam Nationalitéitegesetz, dat 2009 a Kraaft getrueden ass, gouf den double droit du sol agefouert. Elo wëll d’Regierung nach méi wäit goen. Et brauch ee keng Kristallkugel fir ze wëssen, a wat fir eng Richtung den nächste Schrëtt geet.

D’Debatt ronderëm d’Nationalitéitegesetz ass wéinst der demographescher Entwécklung, déi mer zënter Jore kennen, eng passionnant Debatt. Ob se vun alle Parteie mat der néideger Seriositéit gefouert gëtt, doriwwer kann ee streiden. Schliisslech wënschen si sech – mat Ausnam vun der ADR – eng Gesellschaft, an där et méiglech ass gläichzäiteg Auslänner ze sinn an d’Walrecht fir d’Chamberwalen ze hunn. Domadder géif d’Lëtzebuerger Nationalitéit souwisou fir déijéineg, déi se (nach) net hunn, iwwerflësseg gemaach ginn…

Liliana Miranda, Generalsekretärin vun der ADR

Dësen Artikel ass de 26. Abrëll an der Rubrik “Zu Gast” vum Lëtzebuerger Land publizéiert ginn.

Deel dëse Post: