Islamiséierung a Multikulturalitéit op Käschte vun der Integratioun?

Konsum vu Schwéngefleesch an Alkohol als Tabu bei engem Lëtzebuerger Fussballclub, Problemer an de Klinicken, wa Fraen nëmmen a männlecher Begleedung – wann iwwerhaapt – däerfen ënnersicht ginn, muslimesch Milieuen, wou d’Leit fräiwëlleg fir den IS an de Krich gezu sinn – traureg Realitéiten och zu Lëtzebuerg. Eis Regierung bretzt sech mat Begrëffer wéi “Diversitéit” a “Multikulti” – op Käschte vun eise westlechen, humanistesche Wäerter? Op Käschte vun eiser sozialer Kohäsioun? Si mer éierlech: Parallelgesellschafte sinn zu Lëtzebuerg scho laang um Entstoen a wann een net direkt als “Rassist” ofgestempelt well ginn, huet ee besser, dës Theme an der Ëffentlechkeet guer net méi unzeschwätzen. Och Gambia schwätzt net driwwer aus engem falsch verstanenen Toleranzgedanken a gëtt domat ëmmer méi intolerant géintiwwer der eegener Bevëlkerung.

De Fernand Kartheiser wëll am Hibléck op dës Problematik eng konkret Aschätzung vun der Regierung.

Deel dëse Post: