Initial Reaktioun vun der ADR op de Rapport iwwer den Zoustand vun der Arméi

print

De 24. Oktober 2012 huet den Här Marc Fischbach de Rapport iwwer d’Arméi virgestallt, deen den Här Minister Halsdorf hie virun e puer Méint gebieden hat ze schreiwen. An där zoustänneger verdeedegungspolitescher Kommissioun vun der Chamber huet den Här Fischbach d’Conclusiounen aus deene ville Gespréicher gezunn, déi hien an deene leschte Méint mat Membere vun der Arméi hat. D’ADR fënnt dee Rapport interessant an ass der Meenung, datt en och eng Rei vun nëtzlechen Iddien huet. En erlaabt eng breed Diskussioun iwwer den aktuellen Zoustand vun der Arméi a weist op méiglech Reformen hin. D‘ADR betount awer gläichzäiteg och, datt esou e Rapport och hätt kënne vum zoustännege Minister selwer oder senge Servicer geschriwwe ginn. De Reckgrëff op en externen Expert wor sécher net onëmgänglech.

An deenen nächste Méint gëtt dem Här Fischbach säi Rapport nach weider diskutéiert. Als éischt Reaktioun bezitt d’ADR dës Positiounen zu den eenzelne Propositioune vun deem Rapport:

  1. Den Här Fischbach denkt iwwert eng „incompatibilité légale“ tëschent der Funktioun vum Chef vun enger Gewerkschaft an enger verantwortlecher Plaz („fonction de responsabilité“) an enger Verwaltung oder engem Etablissement public no. D’ADR hëlt dës Propositioun zur Kenntnis, bekennt sech awer grondsätzlech zur gewerkschaftlecher Fräiheet.
  2. Den Här Fischbach proposéiert eng Ëmorganisatioun vun der Kommandostruktur vun der Arméi. D’ADR ënnerstëtzt den Usaz, mengt awer, datt an deem Kontext och d’Organisatioun vum Verdeedegungsministère misst mat iwwerduecht ginn.
  3. Den Här Fischbach proposéiert eng Verlängerung vun der reng militärescher Déngschtzäit. D‘ADR ass bereet fir mat iwwer sou Méiglechkeeten nozedenken.
  4. Den Här Fischbach proposéiert fir d’Arméischoul ze „externaliséieren“. D’ADR hat schonn e Bréif un de Chamberpresident geschriwwe fir just iwwer déi do Problematik ze schwätzen. D’Diskussioun an der verdeedegungspolitescher Kommissioun iwwer d’Fro vun der Arméischoul ass fir de 19. November geplangt. D’ADR gesäit net nëmme Virdeeler an enger „Externaliséierung“ vun der Arméischoul a reservéiert dowéinst hir Positioun.
  5. Den Här Fischbach proposéiert déi aktuell Prioritéitsrechter vun den Zaldoten duerch e Quotesystem z’ersetzen. D’ADR bekennt sech dogéint grondsätzlech zum Prioritéitesystem fir d’Zaldoten. Déi Leit, déi bereet si fir hiert Liewe fir eist Land z’afferen, sollen och dofir extra an exklusiv Rechter kréien.
  6. Den Här Fischbach proposéiert den Niveau vun den Examen doduerch ze modifizéieren, datt d’Questionnairë missten am viraus vum Educatiounsministère validéiert ginn. Fir d’ADR ass dat de falsche Wee. Zënter Joere fält de Niveau an de Schoulen. Mir missten nees eis Schoule verbesseren, fir datt d’Kandidaten an den Examen nees gutt ofschneiden amplaz den Niveau vun den Examen no ënnen ze drécken. Eisem Land a senge Verwaltungen ass ganz sécher net doduerch gedéngt, datt ëmmer méi Leit ëmmer manner wëssen a kënnen.

D’ADR ass och nach der Meenung, datt eng Rei vu wichtege Froen an deem Rapport leider net ugeschwat goufen, besonnesch am Zesummenhank mat der Disziplin an der Militärjustiz. Och bleift d’ADR der Meenung, datt et inakzeptabel ass, datt déi Dikrecher Kasär nach ëmmer net renovéiert gouf. Déi definitiv Positioune vun der ADR ginn no Ofschloss vun de parteiinterne Consultatioune bekannt ginn.

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.