
IMF – Hurra, mir retten d’Welt!
Félicitatiounen Här Juncker, mat Äerer Hëllef ass Lëtzebuerg eemol méi Weltmeeschter ! Mir retten de Globus, an all Lëtzebuerger léint der Weltbank iwwer 4.000 Euro. Déi aarem Noperen aus der Belsch kënnen nëmmen 912€ op de Kapp bezuelen, déi aus Däitschland 507 € an déi aus Frankräich 482 €. Op dem séchere Wee vun der CSV kënnt et op 2 Milliarden € och net méi un. D’ADR géif sech trotzdem freeën, wann an Zukunft de Verstand bei internationale Verflichtunge géif matspillen!
Et huet nëmmen eng Telefonskonferenz gebraucht, a schonns ass Lëtzebuerg em eng Verflichtung iwwert 2 Milliarde méi räich! Déi léine mer der Weltbank IMF/FMI. Ob a wéini mer se zeréck kréie steet an de Stäeren. Déi Milliarde komme bei Garantien a bilateral Prêten vun nobäi 3 Milliarden, esou datt d’Weltfinankriis eins ronn en halwe Staatsbudget kascht.
Am Fall vum Prêt vun 150 Milliarden Euro un den IMF muss all Lëtzebuerger, vum Puppelchen zum Greis, dee stolze Bäitrag vun 4.024,70 € op den Dësch leeën. No eis kënnt ganz laang keen, dann als zweeten de Belsch mat 912,19€ op de Kapp. D’Slovake komme ganz um Wupp mat 287,01 €. Bei den 13 (!) Länner aus der Eurozone déi beim Prêt matmachen, läit den Duerchschnëtt bei 493,08 €. Lëtzebuerg ass 8 Mol bësser…
Lëtzebuerg ass «pro Kapp» Weltmeeschter a villen Diziplinnen, vun der Hëllef fir Cooperatioun iwwert d’Zuel vun Ayslanten, Zaldoten am internationalem Asaz a Kyoto-Bäitrag. Net ze vergiessen d’Gielecher vun eisem Premier. Weider esou léif CSV-LSAP Regierung, Lëtzebuerg rett d’Welt !
D’ADR freet: A wee rett Lëtzebuerg, wat um séchere Wee ass, aus de Maastricht Kritären eraus ze faalen, wat zënter 2008 en décken Defizit am Budget vum Zentralstaat opwéisst, wou de Chômage klëmmt a klëmmt, wou eng Wunneng onbezuelbar ass…
Och d’ADR steet zur internationaler Solidaritéit, verlangt awer vu Juncker a Co datt dat mat Verstand muss geschéien. Als Moostaf – pro Kapp vun der Bevölkerung – mussen d’Beiträg vun eisen Nopeschstaaten oder den Duerchschnëtt vun de Länner aus der Eurozone gëllen.
Bäitrag Mrd € | Awunner | B / A | |
---|---|---|---|
Lëtzebuerg | 2,06 | 511 840 | 4 024,70 € |
Belsch | 9,99 | 10 951 665 | 912,19 € |
Holland | 13,61 | 16 655 799 | 817,13 € |
Ëisträich | 6,13 | 8 404 252 | 729,39 € |
Finland | 3,76 | 5 375 726 | 699,44 € |
Malta | 0,26 | 417 617 | 622,58 € |
Cyprus | 0,48 | 804 435 | 596,69 € |
Däitschland | 41,50 | 81 751 602 | 507,64 € |
Frankräich | 31,40 | 65 075 373 | 482,52 € |
Slovenien | 0,91 | 2 050 189 | 443,86 € |
Italien | 23,48 | 60 626 442 | 387,29 € |
Spunien | 14,86 | 46 152 926 | 321,97 € |
Slowakesch R. | 1,56 | 5 435 273 | 287,01 € |
13 Länner | 150,00 | 304 213 139 | 493,08 € |
Quellen: EU Finance Ministers statement on IMF ressources / Eurostat, Previsiounen 2011