D’Recht vum Kand, seng biologesch Mamm ze kennen

Kann eng Koppel, déi e Kand “an Optrag ginn huet”, der biologescher Mamm hir Autorité parentale entzéie loossen? De Fernand Kartheiser freet d’Justizministesch:

Fro:

Déi franséisch Justiz huet an engem rezente Fall, deen an de Medie fir Kontroverse gesuergt huet, decidéiert, datt de biologesche Papp vun engem Kand, dat aus enger Gestation pour autrui (GPA) ervirgaangen ass, net de Retrait vun der Autorité parentale vun der geléinter Mamm (déi no der Gebuert vum Kand an hirem Land op hir Mammerechter verzicht hat) mam Argument verlaange kann, si wier souwisou zënter der Gebuert vum Kand net an deem säi Liewen involvéiert. De biologesche Papp konnt net noweisen, datt d’Feele vun der biologescher Mamm am Liewe vum Kand eng Gefor fir d’Sécherheet, d’Gesondheet bzw. dat moralescht Wuelbefanne vum Kand duerstelle géif. Doduerch konnt d’Kand net vum Conjoint vum biologesche Papp adoptéiert ginn.

De beschriwwene Fall weist, datt et a Frankräich net méiglech ass, enger Persoun hir Autorité parentale ze entzéien, fir doduerch administrativ Demarchen (an dësem Fall d’Adoptioun vum Kand duerch de Conjoint vum biologesche Paap) ze erliichteren.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Madamm Justizministesch:

  • Am Dokument „L’autorité parentale au Grand-Duché de Luxembourg”, (https://www.lbv.lu/wpcontent/uploads/2020/01/Brochure_autorite_parentale_2018.pdf) steet: “En outre, peuvent se voir retirer totalement l’autorité parentale, en dehors de toute condamnation pénale, les parents qui, (…) par un défaut de soins ou un manque de direction, mettent en danger la sécurité, la santé ou la moralité de l’enfant.” Kann d’Madamm Minister preziséieren, ob doduerch och enger biologescher Mamm, déi am Ausland op hir elterlech Rechter verzicht huet, hei zu Lëtzebuerg offiziell d’Autorité parentale kann entzu ginn, fir enger Koppel, déi e Kand an Optrag ginn huet, d’Adoptioun vum Kand ze erliichteren?
  • Misst net bei all Kand, dat aus enger GPA am Ausland ervirgaangen ass an hei zu Lëtzebuerg opwiisst, rechtlech festgehale ginn, ween déi biologesch Mamm an de biologesche Papp ass? Anescht formuléiert: Ass d’Madamm Minister net der Meenung, datt all Kand d’Bedierfnes huet, seng biologesch Elteren ze kennen?

Äntwert:

D’Konditiounen vum Retrait vun der “Autorité parentale” sinn déi selwecht zu Lëtzebuerg wéi a Frankräich. En Retrait wär awer net zwéngend néideg duerch den Artikel 352 vum Code civil deen virgesäit dass d’Gericht sech am Fall vun engem “Abandon de l’enfant” kann der Decisioun fir d’Adoptioun substituéieren. Den Gesetzesprojet 7674 “portant organisation de l’accès à la connaissance de ses origines dans le cadre d’une adoption ou d’une procréation médicalement assistée avec tiers donneurs” befaasst sech mam Recht vun den Kanner hir biologesch Elteren kennenzeléieren.

 

Deel dëse Post: