Héichwaasser-Katastrophe sinn näischt neits!

Ried vum Fred Keup am Kader vun enger Interpellatioun vum 19. Oktober iwwert den Héichwaasserschutz.Reegelméisseg gouf et bannent deene leschte 50 Joer historescht Héichwaasser am Land. Dobäi ass awer bei deem leschten Héichwaasser vun dësem Summer däitlech ginn, datt déi ëmmer méi grouss Buedemversigelung uechtert Land och en Afloss dorobber huet. Duerch de stramme Wuesstem gi mëttlerweil, pro Dag, 2 Hektar Natur zerstéiert a verbaut. An d’Situatioun wäert sech net verbesseren, mat geschaten 800.000 Awunner am Joer 2030. Am Fall vun uergem Héichwaasser ass et wichteg datt eise Stauséi besser als Regulateur vun de Waassermassen agesat gëtt wéi bis elo. 

Deel dëse Post: