Héich Zäit fir de Lëtzebuerger Dag vun der Fräiheet!

COVID: Héich Zäit fir de Lëtzebuerger Dag vun der Fräiheet!

D’ADR ass der Iwwerzeegung, datt et och zu Lëtzebuerg, wéi an enger Rei vun aneren europäesche Länner, un der Zäit ass, fir d’COVID-Restriktiounen opzehiewen, a verlaangt, datt dat scho mat dem nächste COVID-Gesetz muss geschéien.

Fir Lëtzebuerg soll den 1. Mäerz 2022 den Dag vun der Fräiheet sinn!

Déi aktuell sanitär Entwécklunge si berouegend:

  • Infektiounen duerch déi aktuell dominant Coronavirus-Variant Omikron weisen, wa si dann iwwerhaapt zu Symptomer féieren, bal ëmmer een harmlose Verlaf.
  • D’Zuel vun den hospitaliséierte COVID-Patienten ass trotz deene villen Infektiounen op engem niddregen Niveau. Vun enger Iwwerlaaschtung vun de Spideeler ka keng Ried sinn.
  • An alle kriteschen Alterskategorië läit den Impftaux bei wäit iwwer 80%, an all Bierger huet d’Méiglechkeet, sech impfen ze loossen. Och effikass Medikamenter géint de COVID sinn elo disponibel.

Awer déi gesellschaftlech Situatioun ass ugespaant:

  • d’Gesellschaft ass duerch d’Moossname vun der Regierung (2G an 3G) an d’Perspektiv vun enger Impfflicht déif gespléckt;
  • déi schwéier Auswierkunge vun deene Moossnamen op d’Bevëlkerung an op d’Ekonomie stinn a kenger Relatioun zu de reelle Geforen.

Fir d’ADR ass also kloer, datt et elo un der Zäit ass, fir d’Gesellschaft erëm zesummenzeféieren an de Mënschen hir Eegeverantwortung fir hiert Liewen zréckzeginn!

Dowéinst verlaangt d’ADR fir dat nächst COVID-Gesetz:

  • d’Ophiewe vun alle Restriktiounen am private Beräich, am HORECA-Secteur, am Sport an an der Kultur;
  • d’Ofschafe vum 3G op der Aarbechtsplaz an normal Schaffbedéngunge fir all Betriber;
  • d’Ofschafe vun alle Kontrollen opgrond vum Impfpass.

D’ADR wëll, datt eist Liewen nees komplett normaliséiert gëtt. Selbstverständlech sollen d’Leit sech weiderhi virsiichteg verhalen, wa méiglech Ofstand anhalen, sech impfen an no-impfe loossen, mee op fräiwëlleger Basis, op d’Hygiène Uecht dinn an do, wou et sënnvoll ass, Masken undoen. Mir mussen een op deen anere weider Récksiicht huelen.

Fräiheet heescht ëmmer och Verantwortung!

 

Matgedeelt vun der ADR

Deel dëse Post: