D’Beschäftegungsinitiativen, e verlängerten Aarm vun den zwou grousse Gewerkschaften, sinn dem Staat 9,8 Milliounen € schëlleg. Bei Objectif Plein Emploi eleng hunn „Kommunikatiounsproblemer“ e Lach vun 4,5 Milliounen € opgerappt. Den Aarbechtsminister schléisst net aus, datt dës Scholde fale gelooss ginn. D’ADR fuerdert prinzipiell, datt d’Chômeure vun enger spezieller Struktur vun der ADEM betreit ginn an datt Beschäftegungsinitiative vum Staat endlech mussen efficace kontrolléiert ginn. Gesond Staatsfinanze gi mat enger rigoriséier Gestioun un, an dorunner mussen och d’Aarbechtsministeren sech halen!

Schonn nees huet en Audit bei enger Beschäftegungsinitiativ grouss Defiziter an der Gestioun opgewisen. No de gefälschte Konte bei ProActif, déi eng juristesch Suite no sech gezunn hunn, ass elo bekannt ginn, datt och Objectif Plein Emploi sech net un d’Spillregele gehalen huet. Laut dem Reviseur BST huet Objectif Plein Emploi eng Schold vu ronn 4,5 Milliounen Euro vis-à-vis vum Staat.

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit huet am Dossier Objectif Plein Emploi probéiert dës Mëssstänn ze entschëllegen: fir hie sinn dat einfach Kommunikatiounsproblemer! Fir d’ADR ass awer kloer, datt och an dësem Dossier net déi Rigueur ugewannt ginn ass, déi néideg ass, wann iwwert Jore Millioune vum Staat un Associatioune fléissen. Dës Rigueur war ëmsou méi néideg, well et negativ Präzedenzfäll tëschent Beschäftegungsinitiativen an dem Aarbechtsminister gëtt.

Sinn, wéi Objectif Plein Emploi behaapt, d’Responsabilitéite gedeelt a Feeler op béide Säite geschitt, da verlaangt d’ADR, datt dëst Responsabilitéiten opgekläert ginn, déi Responsabel hir Verantwortung droen, an dëst gëllt och fir de Minister Schmit.

D’ADR kann net verstoen, datt de Minister net ausschléisst, datt d’Scholden (Objectif Plein Emploi: 4,5 Milliounen €, ProActif: 2,3 Milliounen €, Forum pour l’Emploi: 3 Milliounen €) de gewerkschaftsnoen Associatiounen nogelooss solle ginn. D’ADR verlaangt, datt Objectif Plein Emploi wéi all anere Bierger oder Betrib behandelt gëtt. De Staat gehéiert net der CSV oder der LSAP, mä de Bierger vun dësem Land! An hirem Numm fuerdert d’ADR finanziell Transparenz an Éierlechkeet an en Enn vun Nepotismus a Klientelismus!

D’ADR verlaangt Kloerheet an dësem Dossier a fuerdert dofir, datt de Minister an d’Commissioun vum Contrôle budgétaire kënnt.

D’ADR bleift bei hirer Fuerderung vun 2011: d’Beschäftegungsinitiative sollen an d’ADEM integréiert ginn. Déi kéint eng « Cellule » kréien, déi Personal, dat net u Betriber ze vermëttelen ass, kéint prioritär un d’Gemengen an un de Staat vermëttelen. Betriber, déi trotzdem bereet sinn, fir schwéier vermëttelbare Persounen eng Chance ze ginn, sollen ënnerstëtzt ginn, wa si Leit astellen, déi et schwéier hunn um „normalen“ Aarbechtsmaart Fouss ze faassen.