D’ADR mécht sech Suergen iwwert déi ëmmer méi grouss Spuer vun diplomatescher Zerstéierung, déi den Hobbystaatsminister Jean-Claude Juncker duerch Europa zitt. Mat senger schlechter Laun a senge rezenten Attacken op déi däitsch Uniounspolitiker am Kader vun der Eurokris stellt sech den CSV-Politiker net nëmme sech selwer an e schlecht Liicht, mä e schued och dem Ruff vu Lëtzebuerg an de Bezéiunge mat onsen Nopeschlänner.

Eemol méi huet den Hobbypremier, wéi esou oft schlecht gelaunt, mat engem amateurhaften Interview an der Süddeutschen Zeitung wichteg Leit aus den däitschen Unionsparteien ugegraff, an ënner anerem dem CSU-Ministerpresident aus Bayern, dem Horst Seehofer, „Geschwätz“ virgeworf. D’ADR erënnert och u fréier Eklaten, wéi zum Beispill säi Sträit mat der éisterräichescher Finanzministesch Maria Fekter vun der ÖVP.

Do däerf een sech dann net wonneren, wann déi Däitsch hirersäits eis och kritiséieren! D’Reaktiounen treffen awer net nëmmen den Auteur selwer, mä och Lëtzebuerg. D’Alternativ Demokratesch Reformpartei muss dobäi onsen Nopere mat Nodrock widderspriechen, wann dës mengen, de finanzielle Bäitrag vu Lëtzebuerg fir d’Eurokris ze meeschtere wär „lächerlech kleng“. D’ADR mech drop opmierksam, an huet dëst och permanent kritiséiert, datt d’Lëtzebuerger bei wäitem dee gréisste Bäitrag pro Awunner fir dës Kris mussen opbréngen!

D’ADR ass konsequent géint dem Här Juncker seng Europolitik, an huet an der Chamber géint d’Erweiderung vum EFSF an d’Aféierung vum ESM gestëmmt. D’ADR ass weider der Meenung, am Géigesaz zum Hobbystaatsminister, datt den Austrëtt vu Griicheland aus der Eurozone kee „Geschwätz“ ass. De Contraire ass wouer: nëmmen iwwert de realistesche Wee vun enger eegener Währung ka Griicheland en Neiufank woen, deen och sozial gerecht ass.

Den Här Juncker gesäit am Euro e politesche Projet, deen et gëllt zu egal wat fir engem Präis duerchzesetzen. Dëst ass net nëmmen „Geschwätz“, mä zitt grouss politesch, finanziell a wirtschaftlech Risikoen op onst Land. D’ADR wäert sech dofir asetzen, datt déi national Parlamenter d’Souveränitéit iwwert hir Budgeten zréckkréien, an datt och zu Lëtzebuerg eng demokratesch a kontrovers Debatt iwwert d’Europapolitik an den Euro gefouert gëtt.