Den 19. Januar huet den RTL-Journalist Nico Graf an enger „Carte blanche“ alt rëm eng Kéier probéiert, d’ADR an de Krees vu rietsextremen a kriminellen Organisatiounen ze zéien. An engem räichlech verwurrelte Commentaire huet hien en Amalgam vum Massemäerder Breivik aus Norwegen, der däitscher Neonazi-Mäerderband, dem Unwort des Jahres „Dönermorde“, der franséischer Extrème droite-Presidentin Marine Le Pen an der lëtzebuergescher ADR gemaach.

Mir wëssen net, wat den Här Graf derzou gefouert huet, fir eis Partei mat Rietsextremen a Kriminellen an een Dëppen ze geheien. Well hien huet näischt, awer och guer näischt Konkretes dat en eis virwerfe kënnt. Wann en net mat eis d’accord ass, wa mir eis fir eng besser Integratiounspolitik an e besseren Encadrement vun den Immigrantekanner an eisem Land asetzen, da soll en dat soen. Wann hien Punkten an eisem Grondsaz oder Walprogramm kritiséiere wëll, da soll en dat a Gottes Namen maachen.

Mir liewen an engem fräie Land. An d’ADR setzt sech an fir d’Fräiheet, an dozou gehéiert och d’Pressefräiheet. Mee wann e Journalist mengt, hien kënnt d’Pressefräiheet mëssbrauchen, fir einfach eng Partei, déi him net geet, kënne mat Extremisten a Kriminellen an een Dëppen ze geheien, dann héiert de Spaass op.

Här Graf, sot eis konkret, wat Der eis virzewerfen hutt! Wann Der dat net kënnt, da gitt ganz séier Är Journalistekaart of an hänkt de Journalisteberuff un den Nol! Well dat, wat Dir Iech do geleescht hutt, dat widdersprécht all Regele vu journalistescher Neutralitéit an Deontologie. Et geet definitiv duer!

D’Direktioun vun RTL muss sech froe loossen, ob si dat do sou duerchgoe léisst. Sech hanner der „Narrenfräiheet“ vun enger Carte blanche verstoppe geet net! Mir erwaarden eng Justifikatioun oder, wann et keng gëtt, eng offiziell Entschëllegung iwwer hir Antenn. An datt dat do definitiv ophéiert.

D’Pressefräiheet ass eng vun de wichtegsten Errungenschafte vun eiser Demokratie. Mee si däerf net mëssbraucht ginn, fir eng parteipolitesch Landschaft ze zementéieren an d’Oppositioun kleng ze halen. Soss si mer an engem diktatoresche System. Duerfir wäert d’ADR dëse Fall zum Exempel maachen an en net nëmme bei déi nationalen Iwerwaachungsinstanzen, mee och bei den internationalen Organisatioune virbréngen.