Handelskricher duerch d’CO2-Ideologie?

Am Mäerz hat den ADR-Deputéierte Roy Reding der Regierung eng Rei Froen zu deene vun der EU geplangten CO2-Zoller gestallt, déi och automatesch fir Lëtzebuerg géife gëllen. D’Regierung huet him doropshi geäntwert, datt si trotz dem offensichtleche Misär, deen déi Gréng Politik eis ewell schonn abréngt, hannert dësem Projet steet. Selbstverständlech ginn zu Bréissel sämtlech Decisioune mat maximaler Intransparenz geholl, sou, datt d’Regierung wouméiglech mengt, mat esou engem gréissewansinnegen Ugrëff op eise Wuelstand och nach duerchzekommen. Et ass awer domat ze rechnen, datt déi betraffe Länner mat entspriechende Géigemoossname wäerte reagéieren an d’Eskalatioun vun engem Handelskrich sech a sou engem Fall net méi vermeide léisst. Wäert d’Regierung duerfir zu Bréissel op mannst drop insistéieren, datt esou Decisiounen just op Basis vu bilateralen Accorde geholl ginn?

Hannergrond

Deel dëse Post: