Härtgeslay: Aussergewéinlecht Fiels-Monument soll geschützt ginn!

Dat schéint Fiels-Monument zu Allënster, genannt Härtgeslay, ass duerch d’Erosioun an engem ëmmer méi schlechten Zoustand. Déi zwee Personnagen si noweislech virun iwwer 2000 Joer do an de Fiels geschloe ginn. Dat seelent Monument staamt aus der gallo-réimescher Zäit an ass zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun quasi eenzegaarteg. Et wär un der Zäit fir e national Monument dorausser ze maachen an et ze restauréieren fir datt d’Härtgeslay fir déi zukünfteg Generatiounen erhale bleift.     

 

Deel dëse Post: