Hält d’ADEM Lëtzebuergesch fir “onnéideg”?

Et gëtt ëmmer manner Lëtzebuergesch an der Lëtzebuerger Aarbechtswelt geschwat. Esou ass tëscht 2011 an 2018 den Undeel vun Awunner, deen op der Aarbecht Lëtzebuergesch schwätzt, dramatesch gefall vu 60,5% op 48%. Et huet sech doriwwer eraus rëmgeschwat, dass Auslänner, déi sech un d’Aarbechtsamt ADEM wenden an dann am Rendez-vous nofroen, wéi a wou si Lëtzebuergesch kéinte léieren, gesot kréien, dat wier “verlueren Zäit” oder “onnéideg” respektiv “iwwerflësseg”. Wéi ass et méiglech, datt dës Verwaltung esou eng Astellung huet?

Deel dëse Post: