Gutt Stëmmung um Bezierkskongress Osten!

Beim Bezierkskongress Osten vum 12. Februar kuckt ee motivéiert an d’Zukunft. Nieft enger Rei politescher Debatten iwwert d’Nationalpolitik ass de Parteipresident Jean Schoos dann och méi spezifesch op d’Politik am Oste vum Land agaangen. D’ADR-Osten setzt sech dofir an, datt hire Bezierk par Rapport zu anere Regiounen am Land gläichberechtegt behandelt gëtt. Sou wéi am Norden sinn och d’Bierger am Oste vum Land mat enger graver Mëssuechtung vun der Verfassung konfrontéiert: D’Zuel vun den Deputéierten dréit der Zomm vun der Wielerschaft nämlech net Rechnung. Am Osten an am Norde vum Land zielt eng Walstëmm manner, wéi dat am Süden oder am Zentrum de Fall ass. Et ass natierlech schéin, wann den Oste vu Lëtzebuerg  als déi gréng Long vum Land bezeechent gëtt. Den ADR-Parteipresident betount awer, datt den Osten och eng lieweg Regioun bleiwe muss a kuckt an deem Hibléck besuergt op d’Ausstierwe vun de klenge Commerce, wéi dat z.B. zu Iechternach de Fall ass. D’ADR-Oste gëtt sech op alle Fall kämpferesch, fir d’Mëssstänn an hirer Regioun un d’Ëffentlechkeet ze bréngen an u konkrete Léisungen ze schaffen.

Hei e puer Andréck vum Bezierkskongress Osten:

Deel dëse Post: