Guer net zefridde mat lénksideologescher Regierung [Video]

Als Merci fir d’Zesummenaarbecht rifft d’ADR all Joer d’Press op en Iessen. Den 22. Juli 2016 war et am “Bouquet garni” an der Stad esou wäit. De Gast Gibéryen huet e battere Bilan gezunn vun enger Gambia-Regierung no der Hallschent vun hirer Zäit.

Theme vum Gast Gibéryen senger Usprooch waren de Spuerpak (dee Gambia selwer als Feeler gesäit) an d’Nationalitéitegesetz (wou Gambia mat der geplangte Sproochenvereinfachung de Message vum Referendum net verstan huet). A punkto Sprooch ass de Gast enttäuscht vun der CSV, déi sech beim Nationalitéitegesetz net genuch fir d’Lëtzebuergesch agesat huet. E wichtege Sujet, de Wuesstem an d’Zukunft vum Land, géing iwwerhaapt net ugesprach ginn, och net vun deene Gréngen, déi e Betonsministär géinge féieren, deen ironescherweis Nohaltegkeetsministär heescht. No der Episod Staatsrot, wou de männlechen ADR-Kandidat diskriminéiert ginn ass, ass de Gast op déi enttäuschend Steierreform an op d’Migratiounskris zeréckkomm. D’ADR ass fir de Respekt vun den UN-Konventiounen an d’Réckféierung vun de Flüchtlingen nom Krich. D’Tierkei ass fir d’ADR kee Rechtsstaat a si huet hir Plaz net an der EU. Brexit ass d’Quittung fir d’Arroganz vun den EU-Gremien. D’ADR wëll en Europa vun de Natiounen a net en europäesche federalen Zentralstaat.

Gambia kritt keng Majoritéit méi hei am Land mä et soll ee sech net ze fréi freeën, seet de Gast Gibéryen als Zesummefaassung (Video, 2’04).

Deel dëse Post: