Gudd Laun bei der Erëffnung vum ADR Biergerbüro an der Stad

E Biergerbüro mat Berodung mattsen an der Alstad: D’ADR-Iddi ass gutt, an enger Zäit, wou vill Parteie virgehäit kréien, datt si wäit ewech si vun de Suerge vun de Bierger. E Mëttwoch, de 7. Mäerz, ass also de Biergerbüro op Nummer 8 an der Fleeschiergaass opgaangen. Dat obwuel d’Stater Gemeng an d’Parteien, déi do Meeschter sinn, ganz a guer net frou sinn an dem ADR-Conseiller Roy Reding esouguer mat Geriicht dreeën. Mee keng Angscht: Wann op déi Adress an der Fleeschiergaass muss e Geschäft kommen, kann d’ADR och Gadgeten a Memberskaarte verkafen. Trotz de politesche Spillverdierwer ass déi nei Ariichtung am Déngscht vum Bierger vu ville Membere vun der Partei a vun den Expären, déi sech do mat Rot an Dot engagéieren, a frëndschaftlecher Feierlaun ageweit ginn.

Deel dëse Post: