Wéi all Joer war d’ADR mat engem Stand op der Stater Braderie vertrueden. D’ADR huet do nees eemol vill Zoustëmmung fonnt, an d’Leit hunn esouwuel lokal wéi national Theme mat den ADR-Gemengeconseilleren an Deputéierten ugeschwat. Wéi ëmmer haten d’Mandatairen a weider Memberen aus der ADR en oppent Ouer fir déi kleng a grouss Suerge vun de Leit.

En ganz Equipe vun ADR-Memberen aus der Stad huet de ganze Kiermesméindeg den ADR-Stand op der Stater Braderie betreit. Ënnerstëtzt goufen si vu weideren ADR-Memberen aus dem Land. Och eng Rei Mandatairë stoungen de ganz ville Leit zur Verfügung, déi sech um Stand renseignéiert hunn an hir Suergen ausgedréckt hunn. Et waren dëst d’Deputéiert Fernand Kartheiser a Gast Gibéryen, d’Gemengeconseillère aus der Stad Marceline Goergen, de Conseiller vu Péiteng Joe Thein an d’Conseillère vu Fëschbech Marie-Louise Haas-Erpelding. Och d’Flyeren, déi speziell fir dësen Dag gedréckt goufen, hate vill Usproch.