Grouss Bedenken beim Archiv-Gesetz

D’ADR begréisst d’Archiv-Gesetz, wat sech drëm beméit, wichteg Dokumenter fir d’Nowelt ze erhalen. Trotzdeem betount de Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 10. Juli, datt d’ADR dëst Gesetz net matstëmme kann. Beim Schutz vun de Perséinlechkeetsrechter gesäit den ADR-Deputéierte grouss Problemer: D’Recht op Privatsphär vu Persounen aus dem ëffentleche Liewe geréit duerch de neie Gesetzestext massiv a Gefor. Dëst ass fir d’ADR inakzeptabel.

Deel dëse Post: