D’ADR ass déif besuergt iwwer d’Resultat vun de Parlamentswahlen a Griicheland. D’Faiten, datt eng rietsextrem Partei an d’Parlament erakomm ass, datt déi lénksradikal Partei massiv gestäerkt ginn ass, an datt et ganz schwéier wäert gi fir eng Majoritéit am neie Parlament ze fannen, wäerten d’Problemer vu Griicheland nach verstäerken. D’ADR bedauert, datt de Jean-Claude Juncker, als laangjärege Member vum europäesche Conseil a Rot vun de Finanzministeren, a besonnesch als President vum Eurogroupe, duerzou bäigedroen huet datt Griicheland an dës Situatioun komm ass.D’ADR ass iwwerzeegt, datt déi iwwerdriwwen haart Spuerpolitik déi d’Eurogroupe ënner der Leedung vum Jean-Claude Juncker imposéiert zur Veraarmung vu Griicheland gefouert huet. Doranner läit zum gréissten Deel d’Erklärung vun der aktueller politescher Destabilisatioun vun dësem Land!

Un der Noutwennegkeet vun der finanzieller a wirtschaftlecher Consolidéierung vu Griicheland besteet awer keen Zweiwel.

Schonns de 17. Juni 2011 huet d’ADR an enger Pressekonferenz drop higewisen: „Griicheland muss gehollef kréien, awer soll den Euro opginn“. Den Deputéierte Jacques-Yves Henckes hat e kloeren Auswee aus der Kris proposéiert. Dëse baut op  d’Solidaritéit mam griichesche Vollek an e Bündel vu konkrete Moossname wéi eng Entlaaschtung bei den Zënsen, enger Verlängerung vun de Lafzäite bei de Krediter an e Verzicht vun engem Deel vu Fuerderunge vun de Banken an Hedgefongen. Dëst ass dunn och geschitt, mä nëmmen zum Deel a vill ze spéit! Als Géigeleeschtung soll Griicheland fräiwëlleg aus der Eurozone austrieden, an esou d’Souveränitéit iwwert hir Währung an hir Economie zeréck kréien, z.B. fir d’Tourismusindustrie nees unzekuerbelen.

Op dëser Pressekonferenz war d’ADR awer och op d’Ursaache vun der Kris agaangen: bei der Aféierung vum Euro am Joer 2000, ass an der  Euro-Euphorie  grousszügeg iwwer d’Täuschungen ewech gekuckt ginn: de Jean-Claude Juncker, seng Kollegen am Conseil vu de Finanzministeren an de President vun der europäescher Zentralbank wousste vun Ufank un datt Griicheland d’Maastricht-Kritären net géifen erfëllen a bewosst falsch Date geliwwert huet.

Duerno huet den Här Juncker net gezéckt fir ze behaapten: „d’Souveränitéit vun de Griiche gëtt massiv ageschränkt“ . Weider huet de Chef vum Eurogroupe de Modell vun der däitscher „Treuhand“ fir dat südeuropäescht Land proposéiert! Dëst huet de Lëtzebuerger Premier net verhënnert, an der Chamber ze soen „hie wär de beléifste Politiker a Griicheland“. Schued nëmmen, datt en sech net a Griicheland opgestallt huet…
D’ADR hofft, datt de lëtzebuerger Premier d’Lag a Griicheland an an Europa elo mat e bësse méi Realismus aschätzt! D’Alternativ Demokratesch Partei fuerdert, datt den Här Juncker an aner Vertrieder vun der supranationaler europäescher Kolonialmentalitéit, direkt ophale fir weider dat griichescht Vollek erof ze maachen, an d’Souveränitéit vu Griicheland nees voll a ganz respektéieren.

D’ADR wäert jiddefalls keng Verträg an aner Moossname méi an der Chamber stëmmen, mat deenen d’Souveränitéit vu Memberstaaten agegrenzt ginn. Sollen esou Verträg  fir Lëtzebuerg ausgehandelt ginn, däerfen dës nëmmen iwwert de Wee vum Referendum ratifizéiert ginn.