Gréngschnatt: D’ADR huet d’Regierung forcéiert, eppes ze ënnerhuelen!

D’ADR huet mat hirem Virstouss, wat de Gréngschnatt zu Lëtzebuerg ugeet an der parlementarescher Fro vum Gast Gibéryen, déi fir zimmlech Opreegung gesuergt hat, eppes bewierkt. Dir erënnert Iech: Dat war déi Saach mam Buergbrennen, wat eigentlech och verbuden ass. D’Regierung schafft elo un engem Logistikplang fir der Landwirtschaft de Gréngschnatt ofzetransportéieren. Nach eemol de Beweis: Fir d’éischt gi blannemänneches Reglementer geholl, a wann d’Kand dann am Pëtz läit, gëtt gekuckt, fir d’Saach nees ze riichten.

Déi Saach mam logistesche Plang fir d’Landwirtschaft kënnt elo eraus, well de Roy Reding kënnt an enger parlamentarescher Fro un d’Madame Ëmweltminister nach eemol op ee Sujet zeréck, deen d’Land bewegt huet: Et däerf ee jo kee zënter Dezember 2015 Gréngschnatt méi am Fräie verbrennen, well een e kräftege “Protokoll” riskéiert, woubäi d’Fro, op dat och fir d’Buergbrenne gëlt, rechtlech nach ëmmer net geklärt ass. Dee Verbuet gëlt esouwuel fir Privatpersounen wéi fir landwirtschaftlech an aner Betriber. De Roy Reding hat de Staatssekretär Camille Gira drunn erënnert , datt hie versprach hat, d’Entsuergung vun deem Material, besonnesch bei Bauerebetriber, wär bis Oktober assuréiert, an hat  gefrot, op dat dann och elo esou ass. Mä fir Oktober, wéi versprach, gëtt dat wuel näischt méi heimadder.

Deel dëse Post: