GPA duerch ukrainesch Fraen

D’Ukrain ass een Hotspot am transnationale Marché fir Leihmutterschaft (GPA). Op der ganzer Welt profitéiere Koppelen, déi net selwer Eltere kënne ginn, vun der bëlleger reproduktiver Aarbecht vu jonke Fraen an dësem osteuropäesche Land, dat säit dem 24. Februar 2022 am Zentrum vun der Weltëffentlechkeet steet. No ënnerschiddleche Berechnunge bezilt eng Koppel fir ee Puppelchen, deen an der Ukrain ausgedroe gëtt, tëscht 40.000 a 60.000 Euro. Mam Krichsausbroch vu virun dräi Wochen ass ongewëss, wéi vill där Puppelcher am Ablack an der Ukrain drop waarden, ofgeholl ze ginn, a wéi et mat de Fraen, déi dës Kanner ausgedroen hunn oder ausdroen, weidergoe soll. Et ass domat ze rechnen, datt vill vun dëse Frae versiche wäerten d’Land ze verloossen.

Huet d’Regierung Zuelen oder ginn et Schätzungen, wéi vill Koppelen, déi hei am Land wunnen, am Ablack op ee Puppelche waarden, deen an der Ukrain ausgedroe gëtt oder an deene leschte véier Wochen ausgedroe gouf?

Deel dëse Post: