D’ADR-Sektioun Stad felicitéiert d’CSV, well och si endlech erausfonnt huet, datt d’Glasbréck, déi d’Gemeng mat der neier Annexe sollt verbannen, net déi richteg Léisung ass. Well sech d’ADR konsequent fir de Stater Patrimoine asetzt, wiert si sech géint dësen onnéidege Projet.

D’ADR-Sektioun Stad weist sech verwonnert iwwer d’Behuele vun der CSV an och vun der LSAP am Stater Gemengerot, déi op eemol géint déi nei Glasbréck bei der Gemeng wiederen. De 27. Abrëll 2009 haten déi zwou Parteie sech beim Vote am Gemengerot enthalen. Eleng d’ADR, vertrueden duerch den deemolege Gemengeconseiller Jacques-Yves Henckes, hat géint dëse Projet gestëmmt. Engersäits géing d’Glasbréck de Knuedler entstellen, anersäits ass d’Noutwennegkeet vun esou enger Passerelle méi wéi diskutabel.

D’ADR steet fir eng zouverlässeg Politik a bleift och bei hirer Meenung. Si verlaangt, datt de Stater Patrimoine geschützt an déi Glasbréck net gebaut gëtt. D’CSV an d’LSAP verdéngen et awer, de gëllene Wiederhunn iwwerreecht ze kréien – si dréine sech mam Wand ouni all Spur vu Gradlinnegkeet.