Ginn d’Motorradsfuerer vergiess?

Bei der Presentatioun vun der “Enquête Luxmobil 2017” gouf den Undeel vun de Motorradsfuerer ausgeklammert. De Gast Gibéryen well an enger parlamentarescher Fro wëssen, firwat deem sou ass an ob een d’Motorradsfuerer net soll als gläichberechtegt Partner am Verkéier unerkennen. D’Motorrad brauch nämlech vill manner ëffentleche Raum wéi en Auto a ka mat dozou bäidroen, Stauen ze vermeiden.

Deel dëse Post: