Gëtt et eppes wéi en illegale Protokoll?

Dat kann ee sech froen, wann een den 3. Juni den entspriechenden Artikel op RTL gelies huet. Eng Fra war vill ze séier op der Autobunn ënnerwee an huet dat viru Geriicht och net ofgestridden. Just waren d’Vitesslimitatioun an domat och d’Radarkontroll illegal, well si net e groussherzogleche Reglement als Basis haten, wéi de Verdeedeger vun der Automobilistin beleet. Fir datt déi Saach do net am Sand verleeft, wann de Parquet d’Plainte zeréckzitt, hu Roy Reding a Jeff Engelen eng parlamentaresch Fro gestallt. Hirer Meenung no mussen och déi aner Chauffeuren, déi an dëser Radarkontroll gepëtzt goufen, entschiedegt ginn, ouni duerfir selwer musse viru Geriicht ze zéien. An et muss kontrolléiert ginn, ob net nach aner Kontrollen aus deene nämmlechte Grënn illegal waren an ob och do Automobilisten ze entschiedege sinn.

Deel dëse Post: