Den 23. Oktober hat eng Delegatioun vun der « Association des Médecins et Médecins-dentistes » (AMMD) eng Entrevue mat enger Delegatioun vun der ADR. Diskutéiert gouf virun allem iwwert de Gesetzesprojet iwwer d‘Rechter an d‘Flichte vun de Patienten. Déi zwou Säite waren der Meenung, datt dësen Text zwar gutt gemengt ass, mä onbedéngt misst nogebessert ginn.

Wat fir eng Konsequenze kéint de Gesetzesprojet 6469 op d’Gesondheetswiesen hunn? Mat dëser Fro hu sech d’AMMD an d’ADR an enger konstruktiver Diskussioun beschäftegt. Den Text, dee vun der Regierung ausgeschafft gouf, gesäit vir, datt d’Rechter an d’Flichte vun de Patienten definéiert ginn. Obwuel et sech am Prinzip ëm eng gutt Initiativ handelt, musse verschidden Dispositiounen nogebessert ginn. Ënner anere goufen dës Kritikpunkten ervirgestrach:

  • De Gesetzesprojet gesäit vir, datt de Patient muss am Virfeld vun enger Behandlung iwwert déi méiglech Risiken opgekläert ginn, wat u sech net falsch ass. Et bleift allerdéngs onkloer, wéi déi Opklärung soll ausgesinn a wéi wäit se muss goen. Et wär sënnvoll en Ënnerscheed ze maachen tëscht de Risiken, déi nëmmen an de seelenste Fäll virkommen, an deenen, déi méi heefeg sinn.
  • De Gesetzesprojet gesäit och vir, datt e Patient ka vun enger Vertrauenspersoun begleet ginn. Dëst werft awer d’Fro vum „secret médical“ op. D’Doktere maache sech och Suergen doriwwer, datt d’Vertrauenspersoun däerf eng „personne morale“ sinn. Esou eng Persoun kann zwar nëtzlech sinn, mä et gëtt leider och Situatioune, wou hiren Afloss negativ ass, zum Beispill wa si aus  reliéisen oder materielle Grënn wëll eng noutwenneg Ënnersichung oder Behandlung vum Patient verhënneren.
  • D’Opklärung vun de Patiente verleeft wéinst der Sproochebarrière net ëmmer ënnert deene beschte Conditiounen. D’Doktere sinn un eng  Informatiounsflicht gebonnen, mä kënne se net ëmmer erfëllen. D’ADR ënnerstëtzt d’Propositioun vun der AMMD: et muss am Gesetzesprojet präziséiert ginn, datt d’Opklärung an enger vun deenen dräi administrative Sprooche vum Land stattfënnt.
  • Weder d’ADR nach d’AMMD sinn domadder averstanen, datt fir d’Doktoren de Prinzip vun der „inversion de la charge de la preuve“ gëlt. Den Dokter gëtt ënnert anerem gezwongen nozeweisen, datt e säi Patient informéiert huet an datt de Patient d’Informatioune verstanen huet. D’ADR hätt léiwer e sougenanntenen „Bureau d’arbitrage“, deen eventuell och d’Käschte fir Expertisë kéint virstrecken.

Et gouf recommandéiert, datt de Gesetzesprojet sech sollt vill méi no um belschen oder franséiche Gesetz orientéieren. Wichteg Passagen, déi an deenen Texter stinn, feelen am Projet vun der Lëtzebuerger Regierung.

D’Delegatioun vun der AMMD huet bestanen aus dem Dr. Uhrig, President, an dem Dr. Schummer, Generalsekretär.  D’ADR war vertrueden duerch de Fernand Kartheiser, President, de Jean Schoos, Generalsekretär, de Jacques-Yves Henckes, Deputéierten, an d’Liliana Miranda, Attachée parlementaire.