Geschwënn nees Mangel bei Elektroautoen?

Verschiddenen, auslänneschen Etuden no kéinte déi  seelenen Äerden an den nächste Joren nees “knapp” ginn. Nomen est Omen. Dës Rohstoffer gi fir wichteg Technologie wéi Handyen, Computeren awer och industriell Wandanlagen an eben Elektroautoe gebraucht a ginn haaptsächlech a Routchina ofgebaut. Wéi wëll d’Regierung am Kader vun der Ëmstellung op d’Elektromobilitéit eng eesäiteg, lëtzebuergesch Ofhängegkeet verhënneren?

Deel dëse Post: