Dem Minister Wiseler säi Plang fir eng Gare ënner der rouder Bréck ze bauen an déi  duerch e Shuttle mam Kierchbierg ze verbannen, weist op e Neits dat d’Regierung  an de blo-grénge Schäfferot um Knuedler keen zësummenhängenden an iwwerzeegende Verkéierskonzept fir d’Stad Lëtzebuerg hunn!

Der ADR hire Projet fir mat den Eisebunnszich ënnert der Stad duerchzefueren, mat Statiounen op der Gare, um Aldringer, um Glacis an um Kierchbierg, géing dë Verkéiersproblem vun der Stad definitiv léisen. Et ass just wëll den Tram dat eben net kann, dat elo esou deier zousätzlech Plooschteren op dë Projet Tram musse gepecht ginn.  Déi neiste Plooschter fir den Tram soll ronn 100 Milliounen Euro kaschten – e weidere Beweis dofir dat den Tram vill méi deier gëtt, wéi ëmmer behaapt gëtt. Déi do 100 Milliounen Euro wäre beim ADR-Projet  „City-Tunnel“ schonn direkt gespuert, well den Zuch jo souwisou  de Lampertsbierg an de Kierchbierg géing ënnerierdesch matenee verbannen, ob den Zuch elo vu Norden oder vu Süde kënnt!

Déi Iddi fir eng Gare ënnert der rouder Bréck iwwer e Shuttle mam Kierchbierg ze verbannen heescht jo och alt nees dat d’Leit mussen zweemol méi ëmklammen! Dogéint kënnen d’Leit beim Projet „City-Tunnel“ an hirem Zuch sëtze bleiwe bis si op hirer Aarbechtsplaz sinn: ob si elo vun Arel, vu Lonkech oder vun der Giewelsmillen an d’Stad kommen!
D’ADR verlaangt  e vernünftegen a verantwortungsvollen Ëmgang mat de Suen vum Steierbezueler! Den Tram a seng sëlleche Plooschtere wäre soss näischt wéi eng zousätzlech Belaaschtung fir de Verkéier an der Stad. Fir esou e Projet ass all Su ze vill, an dat gëllt och fir dem Här Wiseler seng neisten 100 Milliounen Euro Iddi! All modern Stad op der Welt probéiert de Verkéier ënnert de Buedem ze leeën, an dat hätt d’ADR och gär fir ons Stad!