Generalversammlung vum SPFP ouni “dispense de service”!

D’Daachorganisatioun vun der Policegewerkschaft SNPGL an der Arméisgewerkschaft SPAL, also de Syndicat professionnel de la Force publique (SPFP), hat den 3. Februar 2022 seng Assemblée générale vum Conseil des Délégués. Am Géigesaz zu de Jore virdrun haten d’Polizisten an d’Zaldoten, déi eng “obligation syndicale” hunn, dës Kéier keng “dispense de service” vun hirem jeeweilege Minister krut, fir un dëser wichteger Versammlung deelzehuelen. Aus wéi enge Grënn ass dës “dispense de service” dëst Joer net accordéiert ginn?

Deel dëse Post: